Première "Nei revue" 2018

Kapuzinertheater | Théâtre des Capucins - 11.04.2018

D'Revue ass erëm do ënnert dem Numm "Nei Revue"

Et gëtt se schonn zanter 1896. D'lescht Joer war se awer net op der Bühn: D‘Lëtzebuerger Revue.

D'Lëtzebuerger Revue ass e Programm mat Sketcher a Lidder ronderëm d'Aktualitéit zu Lëtzebuerg an am Ausland. Ënnert dem Numm "Nei Revue" feiert si elo hire Comeback!

De Mëttwoch den Owend war am Kapuzinertheater d'Première. Do, wou virun iwwer 120 Joer alles ugefaangen huet.

De Premierminister, d’Chamber, mä och de Klerus an den Donald Trump gi parodéiert. Material aus nationaler an internationaler Politik gëtt et also genuch. 


Partners

OFFICIAL PARTNER

 PARTNER

OFFICIAL PARTNER